DROITS DE L'HOMME Entrevue avec Gilbert Pregno Invité vun der Redaktioun um RTL

En Dënschdeg de Moie waren d'Mënscherechter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi nächst Regierung misst méi op eis an op aner Mënscherechtler lauschteren, dat sot de Gilbert Pregno am RTL-Interview, de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, der CCDH.

D'Politik géif dacks nëmmen dem Avis vum Staatsrot Rechnung droen an dee vun der CCDH just séier iwwerfléien. A Saache Mënscherechter wär scho vill am Land geschitt, ma et wier awer nach vill Loft no uewen. Zum Beispill bräicht een eng Zort Ombudsmann fir d'Mënscherechter.

Dernière modification le