Chronique sur 100,7 par Anne Heniqui concernant les attentats à Paris

08.01.2015

Grad wéi ech wollt usetzen mäi Kommentar doriwwer ze schreiwen wéi lächerlech simplistesch d’Argumenter vun den Pegida-Manifestanten an Däitschland sinn, a wéi ridicule et ass, dass och nach Lëtzebuerger – vun däitscher Vue aus also Auslänner - un enger Pegida-Demonstratioun deelgeholl hunn, koum d’Noriicht vun deem schrecklechen Attentat op di satiresch Wochenzeitung Charlie Hebdo zu Paräis. Dat ass eng Situatioun wou een nach laang dono genee weess wou ee mat weem war wéi d’Noriicht ageschloen huet, grad ewéi deemools mat nine-eleven.

Et geet net nëmmen em d’Grujelechkeet vun deem Massaker, mee et ass och e weidert Attentat op d’Press an d’Meenungsfräiheet - op eppes, wat e Fundament vun eisem Gesellschaftsmodell duerstellt. Leit sinn ëmbruecht ginn, deenen hire Courage net ze beweisen ass well se während all deene läschte Joeren trotz Intimidatiounen an Attentater op hier Redaktioun kee Iota noginn hunn fir genee dat ofzedrécken wat si vum reliéise Fanatismus, an net nëmmen den islamisteschen Fundamentalismus, gehalen hunn. Et ass kee verschount bliwwen, och di ultra-reaktionär Stréimungen, déi a Frankräich ëmmer méi staark gi sinn, kruten all Woch hiert Fett. Charlie Hebdo huet Feinden vun allen Bord’en.

Mee eppes ass sécher: Falls d’Attentäter aus reliéis fanatesche Grënn gehandelt hunn, dann hunn se den Unhänger vun allen rietsextremisteschen Stréimungen an Europa elo e Riesendéngscht geleescht. Déi kënne sech elo genësserlech zeréckleeën. Dat gëtt fir si d’Confirmatioun vun hiren populisteschen a simplisteschen Rieden an Akten: keen Islam, keng Auslänner,also kee Misär. Punkt. Wéi einfach ass et elo den Anti-Pegida-Demonstranten virzegeheien, déi géingen esou Attentater och nach ënnerstëtzen. Well méi wäit gi se jo net an hirem Raisonnement: ween net fir mech ass, ass géint mech.

Wéi fräi kann eng Press bleiwen, déi souwuel vu reliéise Fanatiker wéi och vu Rietsextremisten intimidéiert gëtt. Well Pegida-Manifestanten vergräifen sech och un de Journalisten, dat ass e Fait. Déi militéieren weder fir Pressefräiheet nach fir aner fundamental Mënscherechter – au Contraire.

D’Stëmmung ass lügüber, mir commemoréieren elo 70 Joer Enn vum 2te Weltkrich. Foto’en an Erennerungsmaterial iwwer di Grujelechkeeten vum Hitler-Nazi-Regime ginn elo aus den Archive geholl, presentéiert a kommentéiert. Dat ass wichteg.

Mee nach méi wichteg ass et grad elo, ze erklären wéi eng Ëmstänn, wéi eng Grondstëmmung an der Gesellschaft et erlaabt hunn, dass dee Regime iwwerhaapt konnt un d’Rudder kommen. Ze erklären an ze beleeën wéi eng Kräften et erméiglecht hunn, europäesch Demokratien därmoossen aus den Aangelen ze hiewen dass de Krich, d’Deportatiounen an d’Exterminatiounen konnten geschéien. Déi Froen musse mer eis haut och stellen.

Dernière modification le