Chronique sur 100,7 par Anne Heniqui sur la journée internationale de la femme

E Sonndeg ass den internationale Fraendaach. An deem Kontext stellt d’Anne Heniqui sech d’Fro a wiwäit eis Gesellschaft an eis Demokratie fest genuch am Suedel sinn, fir d’Acquis’en um Niveau vun der Gläichberechtegung géint all Zorten vun Extremismus ze verteidegen.

Eng Foto an zwou Versiounen dovun, déi original an déi retouchéiert. Et ass d’Foto vun der grousser Manifestatioun vun de Staats-a Regierungscheffen no den bluddegen Attacken op Charlie Hebdo an op de jiddeschen Supermarché zu Paräis virun zwee Méint. Héich Symbolik also.

Op der retuschéierter Versioun ass d’Kanzlerin Angela Merkel vum Bild verschwonnen. Déi Foto gouf an enger jiddescher orthodoxer Zeitung an Israel publizéiert, de Spiegel hat drop opmierksam gemaach.

Firwat huet Däitschland keng Regierungscheffin op där Foto méi? Net aus politesche Grënn, net well si eng däitsch ass, et sinn och keng Staatsmänner aus deene Länner ewechretuschéiert ginn, déi Israel nach ëmmer net als Land unerkennen. Nee, d’Angela Merkel huet missen ewech well si eng Fra ass. Do kann si nach esou vill Regierungscheffin sinn an nach esou vill demokratesch Legitimitéit hunn wéi si well, si existéiert fir verschiddener guer net.

Déi Foto ass eng Ligen, dat ass net duerch Reliounsfräiheet ze rechtfertegen. Dat kann ee bei kenger Relioun toleréieren – well dee Modell ass genee d’selwecht bei allen extremisteschen Stréimungen vun alle sougenannten representativen Glawensrichtungen. Fra a Mann sinn net op Aenhéicht a wäerten et fir déi Leit ni ginn.

Zeenewiessel:

Kuerz no där Publikatioun steet am Quotidien en Artikel dass d’Q8 Tankstellen zu Lëtzebuerg en anere Look kréien well net méi däerf visibel sinn dass een do Alkohol ze kafe kritt. Dat wier net kompatibel mam islamesche Gesetz géing de Patron aus dem Kuwait soen. Et kritt een zwar nach Alkohol do ze kafen, mee et däerf net op der Fassade stoen.

Deen Szenario léisst sech weiderspannen. Well Q8 ass jo awer net deen eenzege Betrib zu Lëtzebuerg an deem islamesch Staaten net nëmmen representéiert sinn mee och nach d’Zigelen an der Hand hunn. Elo d’Fro: wat géing an deene Betriber geschéien wann de wichtegsten Actionnär géing verlaangen, d‘Arbechtsmanéier soll sech de Prinzipien vu senge reliéisen Iwwerzeegungen upassen. Dat ass et jo wat bei den Tankstellen passéiert ass.

Räng hypothetesch: Wat wier wann et elo zum Beispill géing heeschen bei grousse Banken oder Fluchgesellschaften sollten d’Büro’en fir Fraen net um selwechte Stack sinn wéi déi vun de Männer? Wat géing geschéien wann an enger zweeter Phase Platze géingen ofgebaut ginn op deem Stack wou grad Frae schaffen?

Wéieen Actionnär, wéiee Chef de Service, wéiee Gewerkschaftsdelegéierten géing oder kéint sech do queeschléen? Hätt d’Politik iwwerhaapt nach d’Méiglechkeet fir do z’intervenéieren? Wéi gesot: hei geet et net em Reliounen u sech, mee em d’Manéier wéi vun der Gesellschaft dorop ze reagéiere wier. Kloer, d’Egalitéit tëscht Fra a Mann an de Verbued vun Diskriminatiounen si fest an eise Gesetzer verankert. Déi Rechter kann een och op de Geriichter akloen, mee eréischt nodeems d’Onrecht geschitt ass.

Wéineg Instrumenter huet eis Gesellschaft sech ginn fir seng Prinzipien net nëmmen duerchzesetzen, mee se och esou fest ze sécheren, dass se net méi sou liicht auszehiewele sinn. Och net duerch eng wirtschaftlech Krise.

Des Fro soll net nëmmen Fraenorganisatiounen beschäftegen, well un der Manéier wéi staark eng Gesellschaft d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer verteidegt léisst sech kloer moossen wéi héich de Rechtsstat déi Lat gehuewen huet. Mee de Pegel ass nach net esou héich dass een sech domat bretze kéint. Dat beweist e.a. déi lamentabel Diskussioun ronderëm Quoteregelungen. De Fait, dass een déi iwwerhaapt muss envisagéieren, kann net optimistesch stemmen.

05.03.2015

Dernière modification le