Crée le
Déi reliéis Institutiounen an der Kris Fräie Mikro mam Laurent Moyse
De STATEC huet viru kuerzem eng Etüd erausginn, déi sech op eng méi breet europäesch Enquête stäipt, déi 2020-21 duerchgefouert gouf. Déi stellt fest, datt de Säkulariséierungsprozess vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg rapid virugeet. An och wann een d'Resultater vu Sondagen a Barometer mat Virsiicht genéisse soll, sou weist déi lescht Enquête European Value Survey ganz kloer, datt déi reliéis Praxis an eisem Land staark zeréck geet.
Dernière modification le