RATTACHEMENT VUN DER CCDH UN D'CHAMBER Lag vun der Natioun 2024

Den 11. Juni 2024, huet de Premierminister Luc Frieden de Rattachement vun der CCDH un d'Chamber a senger Ried zu der Lag vun der Natioun erwäänt.

Mir sinn houfreg op d’Lëtzebuerger Demokratie an mir wëllen a mussen se all Dag stäerken.
Fir d’Demokratie ze stäerken well ech d’”commission consultative des droits de l’homme”,
déi haut bei mir am Staatsministère ugesidelt ass, un dës Chamber rattachéieren, fir dat hir
wichteg Avisen am legislativen Prozess nach méi Attentioun kréien.

De Rattachement un d'Chamber ass eng vun den Haaptrevendikatioune vun der CCDH fir hir Onofhängegkeet ze schützen an de Paräisser Prinzippien, déi d'Ufuerderungen u national Mënscherechtsinstitutiounen festleeën, gerecht ze ginn.

Aktualiséiert den