"Mir sinn net méi an engem Europa, wou d'Leit wëllkomm sinn"

D’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun weist sech am 100,7-Interview besuergt iwwert d’Entwécklungen an Europa. Si kritiséiert eng Politik, bei där Mënschen op der Flucht ëmmer méi als Erausfuerderung amplaz als Mënsche mat Rechter gesi ginn.

Am Gespréich geet et ëm d’Zukunft vun engem Europa, dat sech op Solidaritéit, Mënschewürdegkeet an Oppenheet berifft – a sech d’Fro stelle muss, wéi eng Wäerter et an Zukunft wëll verdeedegen.

Aktualiséiert den