Invité vun der Redaktioun: Noémie Sadler
Als Invité vun der Redaktioun beim RTL, huet d'CCDH-Presidentin Noémie Sadler sech mat der Thematik ëm de Placement vu Mannerjäregen am Erwuessene-Prisong befaasst. Zanter Jore géifen Expert:innen op déi problematesch Situatioun hiweisen, déi sech zënter 2025 esouguer nach verschäerft hätt. Am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn net nëmmen déi net ugepasste Strukturen, mee och e vereelzt Jugendschutzgesetz an nei Reformprojete, déi wichteg Recommandatiounen vun der Mënscherechtskommissioun ignoréieren.
Aktualiséiert den