PISA-Etüd: Jonker net just op hire Statut als Schülerin a Schüler reduzéieren, esou de Gilbert Pregno
Fir de Gilbert Pregno däerfen déi schlecht Resultater vun der PISA-Etüd net nëmmen aus der Perspektiv vun der Schoul gekuckt ginn. Am Journal op RTL betount de fréiere President an aktuelle Member vun der CCDH, datt d’Léieren an engem méi breede sozialen a familiäre Kontext stattfënnt, an datt dëst Ëmfeld net ëmmer favorabel fir Kanner a Jugendlecher ass.
Amplaz déi Jonk nëmmen op hir Roll als Schüler ze reduzéieren, plädéiert hien dofir, hir Situatioun an hiert Wuelbefannen an engem globale Kontext ze betruechten.
Aktualiséiert den